Bopebistro Buch (SOLD OUT)

152 Säiten, mat engem Film (DVD), 29 €
24 x 24 cm, haart Deckelen
ISBN : 978-2-87963-897-3

De Bopebistro ass eng kulturell Institutioun zu Lëtzebuerg, déi um Verschwannen ass, de Fortschrëtt wëllt et esou. Ma „net ëmmer heescht de Fortschrëtt, dass mer och virukommen“, wéi et am Lidd Bopebistro heescht. De Fortschrëtt, deen d’Bopebistroen an d’Bomebutteker verschwanne léisst an duerch Neies ersetzt, ass a Wierklechkeet e Réckschrëtt, e Schratt a Richtung allgemeng Onkultur, global Upassung an uniform Langweil.

Dëst Buch wëll dem Bopebistro e kënschtlerescht an dokumentarescht Monument setzen.

Top